Ep.20) Vun der Ellenger Gare bis op d'Expovina – mam Guy Krier // Domaine Krier-Welbes
Un der Musel trëfft een op Mënschen, déi an der Traditioun opgewuess sinn – an op déi, déi se mat vill Rou, Präzisioun a modernen Iddien an d’Zukunft droen. Ee vun hinnen ass haut bei eis: de Guy Krier. Wënzer vun der Ellenger Gare, Bio-Pionéier a Mann mat enger kloer erkennbarer Handschrëft an all senge Wäiner.
Zanter 2023 steet hien och un der Spëtzt vun de Privatwënzer. A wien hie kennt, weess: Dat ass keng Roll fir am Mëttelpunkt ze stoen, mee eng fir zesummen eppes ze beweegen. Hien setzt op méi Oppenheet, méi Transparenz an eng Moderniséierung vum Verband – mat wiesselenden Presidenten a Presidentinnen a...