Ep.16) Aus Passioun an der Freed um Probéieren – mam Paul Zahlen // Pauls Winery
Show notes
Wien dem Paul Zahlen vu "Pauls Winery" scho mol nogelauschtert huet, mierkt séier, mat wéi vill Passioun a Freed hien de Beruff vum Wënzer ausübt. Awer nach vill méi – well hien huet e groussen Drang, nei Saachen ze probéieren.
Mat der Produktioun vun engem "PetNat" – kuerz fir "Pétillant Naturel" – bis hin zum uviséierte Ubauen vun pilzwidderstännege Wäiner ("PiWi’en") hält den jonken Gréiweldénger sech a säi Betrib op Trab. An dat mat enger grousser Begeeschterung fir säi Beruff an der staarker Ënnerstëtzung vu senger Famill a sengen Frënn.
Sidd gespaant op eng Episod, an där d’Claire an den Pit méi gewuer ginn iwwer de Paul Zahlen, säi Betrib, American Football – an spannend Dégustatiounen am Pyjama.
A lass!
New comment