PROST

De Lëtzebuerger Wäin, seng Wënzer a seng Regioun.

PROST

Latest episodes

Ep. 22) Wat wiere mir ouni Cremant? - Mam Lisa Vesque vu Cep d'Or

Ep. 22) Wat wiere mir ouni Cremant? - Mam Lisa Vesque vu Cep d'Or

48m 51s

Cremant ass méi wéi just e leckert Gesëffs – en ass Präzisioun, Handwierk a vläicht déi stäerkst Visittekaart vun der lëtzebuergescher Musel. An zanter 1762 steet d’Domaine Cep d’Or fir Wäibau un dëser lëtzebuergescher Musel. Mam  Lisa Vesque ass säit enger gudder Zäit déi nächst Generatioun mat u Bord – ausgebilt zu Geisenheim a Bordeaux, mat engem internationale Bléck, mee déif verwuerzelt zu Stadbriedemes.

An dësem Episod schwätze mir bewosst a ganz detailléiert iwwer Cremant. Iwwer déi zweet Gärung, Dosage a Reifedauer – ma och iwwer de Maart, Image an d’Fro, firwat Lëtzebuerg grad an dësem Beräich esou staark ass.

Et gëtt technesch, perséinlech – an natierlech locker. 45 bis...

Ep.21) VIGNUM: D’Konscht vum Terroir – mam André Mehlen // Domaine Vinsmoselle

Ep.21) VIGNUM: D’Konscht vum Terroir – mam André Mehlen // Domaine Vinsmoselle

58m 12s

An dëser Episod vu PROST schwätze mir mam André Mehlen vun Domaine Vinsmoselle. Mir tauchen an d’VIGNUM-Gamme eran – déi Premium-Linn vun der Genossenschaft, déi mat Lieu-dits, Vieilles Vignes, Fût-de-Chêne-Wäiner a Stréihwäin eng aussergewéinlech Villfalt weist.

Mir ginn der Fro nogoen, wéi eng Genossenschaft mat iwwer 160 Wënzerfamilljen esou präzis den Terroir erausschaffe kann, wéi al Riewen an Holzfässer d’Konzentratioun am Glas veränneren,  – a wat fir eng Aarbecht hannert engem Stréihwäin stécht.

Zousätzlech kréie mir en Abléck an d’Struktur vun Domaines Vinsmoselle, an d’Roll vun der Musel als modern, nohalteg Wäiregioun, déi sech ëmmer méi iwwer héichwäerteg Spezialitéiten definéiert.

Eng Episod fir all déi, déi...

Ep.20) Vun der Ellenger Gare bis op d'Expovina – mam Guy Krier // Domaine Krier-Welbes

Ep.20) Vun der Ellenger Gare bis op d'Expovina – mam Guy Krier // Domaine Krier-Welbes

66m 33s

Un der Musel trëfft een op Mënschen, déi an der Traditioun opgewuess sinn – an op déi, déi se mat vill Rou, Präzisioun a modernen Iddien an d’Zukunft droen. Ee vun hinnen ass haut bei eis: de Guy Krier. Wënzer vun der Ellenger Gare, Bio-Pionéier a Mann mat enger kloer erkennbarer Handschrëft an all senge Wäiner.

Zanter 2023 steet hien och un der Spëtzt vun de Privatwënzer. A wien hie kennt, weess: Dat ass keng Roll fir am Mëttelpunkt ze stoen, mee eng fir zesummen eppes ze beweegen. Hien setzt op méi Oppenheet, méi Transparenz an eng Moderniséierung vum Verband – mat wiesselenden Presidenten a Presidentinnen a...