Ep.19) Vum Schnaps an d’Drauwen – mam Georges Schiltz // FRU

Show notes

"Verréckt" – dat ass dat Wuert, dat ëmmer erëm fält, wann ee sech mat der Vita vum Georges Schiltz beschäftegt. An dat net wéinst engem exzentresche Charakter, mee well säi Werdegang alles anescht wéi klassesch ass. Well weder huet de Georges en Hannergrond als Wënzer, nach huet e Wuerzelen un der Musel - de fréiere Geografiestudent aus dem Sauerdall mat engem Faibel fir d'Schnapsbrennen ass en ganz anere Wee gaangen.

Wat als Hobby nieft dem Studium ugefaangen huet, gouf séier zu enger Passioun: vun der Brennereikonscht, iwwer d‘Jus-Produktioun bis hin zum Drauwenubau. Doraus entstanen ass „FRU“ – e frechen, regionalen, onbekëmmerte Wënzerbetrib. Sou geet de Georges geet säi Wee – ongewéinlech, mat Iddien an engem décke Portioun Humor.

D’Claire an de Pit diskutéieren an dëser Episod mat engem Wënzer, deen de Wäibau nei denkt a weist, dass Traditioun a Modernitéit sech net ausschléissen. A wéi ëmmer bei Prost: e Gespréich mat Häerz, engem Touch Selbstironie a wonnerbare Wäiner.

New comment

Your name or nickname, will be shown publicly
At least 10 characters long
By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.