Ep.17) Op en Tour laanscht d'Wéngerten - mam Nathalie Besch // Office Régional du Tourisme Musel
Show notes
Et ass all Dag op en Neits wéi eng Postkaart aus dem Liewen: D’Muselregioun – mat hiren Dierfer, Wäibierger a Kultur – ass vill méi wéi just e Glas Wäin. Et geet ëm en Erliefnis, Entspanung a Natur pur.
An an dëser Episod vum Prost schwätzen d’Claire an de Pit genau iwwer dat, wat d’Regioun esou eenzegaarteg mécht – an dat mat enger richteger Expertin um Gebitt. Well d’Nathalie Besch vum „Office Régional du Tourisme“ vun der Musel war op Besuch.
Eng besonnesch Episod, déi vum Wanderen a Vëlosfuere bis bei nohalteg Genossmomenter tëscht Wäinriewe a Panorama-Ausbléck handelt an erkläert, wisou souguer Neiséilänner sech zu Lëtzebuerg wuel fillen.
Ma lo verrode mir net ze vill. Falls Dir also d’Musel schonn ëmmer erëm nei entdecke wollt, sidd Dir hei genau richteg. Lauschtert eran.
New comment