PROST

De Lëtzebuerger Wäin, seng Wënzer a seng Regioun.

PROST

Latest episodes

Ep.21) VIGNUM: D’Konscht vum Terroir – mam André Mehlen // Domaine Vinsmoselle

Ep.21) VIGNUM: D’Konscht vum Terroir – mam André Mehlen // Domaine Vinsmoselle

58m 12s

An dëser Episod vu PROST schwätze mir mam André Mehlen vun Domaine Vinsmoselle. Mir tauchen an d’VIGNUM-Gamme eran – déi Premium-Linn vun der Genossenschaft, déi mat Lieu-dits, Vieilles Vignes, Fût-de-Chêne-Wäiner a Stréihwäin eng aussergewéinlech Villfalt weist.

Mir ginn der Fro nogoen, wéi eng Genossenschaft mat iwwer 160 Wënzerfamilljen esou präzis den Terroir erausschaffe kann, wéi al Riewen an Holzfässer d’Konzentratioun am Glas veränneren,  – a wat fir eng Aarbecht hannert engem Stréihwäin stécht.

Zousätzlech kréie mir en Abléck an d’Struktur vun Domaines Vinsmoselle, an d’Roll vun der Musel als modern, nohalteg Wäiregioun, déi sech ëmmer méi iwwer héichwäerteg Spezialitéiten definéiert.

Eng Episod fir all déi, déi...

Ep.20) Vun der Ellenger Gare bis op d'Expovina – mam Guy Krier // Domaine Krier-Welbes

Ep.20) Vun der Ellenger Gare bis op d'Expovina – mam Guy Krier // Domaine Krier-Welbes

66m 33s

Un der Musel trëfft een op Mënschen, déi an der Traditioun opgewuess sinn – an op déi, déi se mat vill Rou, Präzisioun a modernen Iddien an d’Zukunft droen. Ee vun hinnen ass haut bei eis: de Guy Krier. Wënzer vun der Ellenger Gare, Bio-Pionéier a Mann mat enger kloer erkennbarer Handschrëft an all senge Wäiner.

Zanter 2023 steet hien och un der Spëtzt vun de Privatwënzer. A wien hie kennt, weess: Dat ass keng Roll fir am Mëttelpunkt ze stoen, mee eng fir zesummen eppes ze beweegen. Hien setzt op méi Oppenheet, méi Transparenz an eng Moderniséierung vum Verband – mat wiesselenden Presidenten a Presidentinnen a...

Ep.18) Vum Zeechebriet an de Wéngert – mam Michèle Mannes // Domaine Viticole Häremillen

Ep.18) Vum Zeechebriet an de Wéngert – mam Michèle Mannes // Domaine Viticole Häremillen

50m 53s

Ween mengt, de Wäibau wier nach ëmmer eng Männerwelt, huet nach net d’Michèle Mannes kennegeléiert. Si ass Deel vu villen jonke Wënzerinnen a féiert säit zanter 4 Joer mat vill Elan, neien Iddien an Häerzblutt d’Domaine Viticole Häremillen zu Ehnen – eng Plaz mat ville Geschichten a nach méi Perspektiv. A wéi ëtt a Familljebetriber sou üblech ass, hëlleft och hei de Papp gären nach mat a léist sech vum Produit vu senger Duechter iwwerzeegen.

D’Claire an de Pit treffen an dëser Episod op eng Wënzerin, déi ursprünglech Bauerin wollt ginn, an iwwert de Studium vun der Landschaftsarchitekur, am Familljebetrib...